Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 200 Mataarbechter eng spézialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 30 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen ab dem 1. Mee 2020

1 AGENT D’ACCUEIL (M/F)

fir Deelzäitaarbecht (75%) mat befristetem Aarbechtskontrakt (12 Meint)

 

Är Missioun :

  • Den Accueil, d’Informatioun an d’Orientéiere vum Client, souwuel physesch ewéi iwwer Telefon
  • All Zort vun Sekretariatsaarbechten déi kënnen un Iech erugedroe ginn
  • D’Admissioun vun all neie Client an d’Encodéiere vun alle Prestatioune fir d’Facturatioun
  • Dir drot dozou bäi fir e reiwungslosen Oflaf vun der Rezeptioun an der Cafeteria, 7 Deeg an der Woch ze garanteieren

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem DAP (CATP) an der Administratioun oder engem equivalenten Diplom
  • Dir hutt Erfahrung am Beräich Accueil a Rezeptioun, an en plus och nach Notiounen am Secrétariat médical
  • Dir schwetzt perfekt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franseisch
  • Dir beherrscht d’Programmer vun MS Office; zousätzlech Kenntnisser vun SAP an/oder GI Solutions wären ee Virdeel
  • Dir sidd kontaktfreedeg, schafft gären an enger Equipp esou wéi an engem sozialen Ëmfeld
  • Engagement, Responsabilitéit, Flexibilitéit esou wéi Polyvalenz gehéiren zu äre Kompetenzen
  • An Dir hutt e gefleegten Optrieden.
  •  

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprëcht de Viraussetzungen, da schéckt eis bis spéitstens den 13. Maerz 2020 Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress :

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
oder per email un : Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Affichages : 121

Nous recherchons continuellement de nouvelles compétences, alors n'hésitez pas à nous faire parvenir votre candidature spontanée. Vous avez certainement une richesse à nous apporter !

Les candidatures seront traitées en toute confidentialité.

  • Par courrier : Directeur général – Hôpital Intercommunal de Steinfort, L-8423 Steinfort, 1, rue de l’Hôpital
  • Ou par email : Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Les métiers que nous exerçons

  • Administration
  • Aide socio-familiale
  • Aide-Soignant
  • Cuisine
  • Ergothérapeute
  • Infirmier
  • Kinésithérapeute
  • Orthophoniste
  • Agent de nettoyage

Les stages

Nous formons, tout au long de l’année des stagiaires, dans différents domaines tels que l’administration et les soins.

N'hésitez pas à envoyer votre demande à l’adresse suivante : Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Affichages : 5523

HIS : Zesumme Weider Goen...!