Mir sichen fir direkt een AGENT D’ACCUEIL (M/F)

Fir Deelzäitaarbecht (75%) mat befristetem Aarbechtskontrakt (6 Meint)

Är Missioun:

  • Den Accuiel, d’Informatioun an d’Orientéiere vum Client, souwuel physesch ewéi iwwer Telefon
  • All Zort vun Sekretariatsaarbechten déi kënnen un Iech erugedroe ginn
  • D’Admissioun vun all neie Client an d’Encodéiere vun alle Prestatioune fir d’Facturatioun
  • Dir drot dozou bäi fir e reiwungslosen Oflaf vun der Rezeptioun an der Cafeteria, 7 Deeg an der Woch ze garanteieren

Äre Profil:

  • Dir sidd am Besëtz vun engem DAP (CATP) an der Administratioun oder engem equivalenten Diplom
  • Dir hutt Erfahrung am Beräich Accueil a Rezeptioun, an en plus och nach Notiounen am Secrétariat médical
  • Dir schwetzt perfekt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franseisch
  • Dir beherrscht d’Programmer vun MS Office; zousätzlech Kenntnisser vun SAP an/oder GI Solutions wären ee Virdeel
  • Dir sidd kontaktfreedeg, schafft gären an enger Equipp esou wéi an engem sozialen Ëmfeld
  • Engagement, Responsabilitéit, Flexibilitéit esou wéi Polyvalenz gehéiren zu äre Kompetenzen
  • An Dir hutt e gefleegten Optrieden

Interesseiert Dir Iech fir dëse Posten an äre Profil entsprecht de Viraussetzungen, da schéckt eis bis spéitstens den 15ten Januar 2019 Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Diplomen an Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress :

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
oder per email un : Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Affichages : 440

HIS : Zesumme Weider Goen...!