Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 200 Mataarbechter eng spézialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Bewunner an e Centre de jour spécialisé deen dagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen fir onse Maison de Soins fir direkt oder no Ofsprooch

Verschidden Infirmieren (M/F)

fir Vollzäit oder Deelzäitaarbecht (75%), mat onbefristetem Aarbechtskontrakt

 

Äre Profil :           

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkanntem Diplom als Infirmier
  • Dir fillt Iech wuel am Ëmgang mat enger eelerer Persoun
  • Dir hutt e Sënn fir Organisatioun an Dir sidd hëllefsbereet a flexibel
  • Dir kënnt gutt mat Mënschen ëmgoen an hutt e gudden Equippegeescht
  • Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin
  • Dir verstidd, an kennt Iech an op mannst 2 vun den zu Lëtzebuerg gebrauchte Sproochen ausdrécken, wouvun eng Lëtzebuergesch ass (niveau B2)

 

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprëcht de Viraussetzungen, da schéckt eis bis spéitstens den 17te Juli 2020 Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Certificaten an enger rezenter Foto un folgend Adress :

Hôpital Intercommunal de Steinfort,

à l’attention de Monsieur le Président

1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort

oder per email un : Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Affichages : 38

HIS : Zesumme Weider Goen...!