Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 200 Mataarbechter eng spézialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :
E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Bewunner an e Centre de jour spécialisé deen dagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen fir onse Centre de jour Psycho-gériatrique fir direkt oder no Ofsprooch

1 Responsabel vum Service – Erzéier (Educateur Gradué) (M/F)

fir Vollzäit (100%), mat onbefristetem Aarbechtskontrakt

Är Missiounen :

  • Individuell Berodung a Begleedung vum Bewunner an der Famill fir individuell Betreiungs-an Aktivitéitspläng esou wéi d’Referenzpersoun fir d’Reseau‘en
  • D’Qualität vun der Fleeg an den Déngschtleechtungen garantéieren an förderen zur Zefriddenheet vun onse Klienten
  • Gestaltung, an Organisatioun vu Betreiungs a Manifestationsaktivitéiten
  • Ausschaffen vun Betreiungskonzepter
  • D’Assuréieren vun der Organisatioun vum Accueil gérontologique

Äre Profil :    

  • Dir hut een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom Bachelor en Sciences sociales et éducatives oder gläichwäerte
  • Dir hut eng Experienz/Beruffserfahrung an der Geriatrie an Kenntnisser vu Fleegeversëcherung a Betreiungsleeschtunge si vu Virdeel
  • Dir hut een ausgeprägtent Organisatiounsbewosstsënn a coordinéiert eng Ekipp
  • Dir schafft autonom an kennt Iech gudd mat der administrativer Gestioun aus
  • Dir kënnt Eegeninitiativ ergräifen an hut eng proaktiv Approche, dir sidd kapabel Problemer ze erkennen an ze léisen
  • Dir hut een gudden Emgang mat Leit an fillt Iech wuel an der Kommunikatioun
  • Dir sidd dynamesch an motiveiert an Leadership ass eng vun ären Stärken
  • Dir verstidd, an kennt Iech an op mannst 2 vun den zu Lëtzebuerg gebrauchte Sproochen ausdrécken, wouvun eng Lëtzebuergesch ass (niveau B2)
  • Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Permis B) 

 

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprëcht de Viraussetzungen, da schéckt eis bis spéitstens den 31te Juli 2020 Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Certificaten an enger rezenter Foto un folgend Adress :

Hôpital Intercommunal de Steinfort,

à l’attention de Monsieur le Président

1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort

oder per email un : Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

 

Affichages : 170

HIS : Zesumme Weider Goen...!